Salut People,
Bilan vum Süden Trip :
· 2.2.10 (5h) – 6.2.10 (15h)
· 2557km
· 1x am Sand stiechen bliwwen
· 1 Platten
· Windhoek-Spreets-Hodge Pass- Sesriem-Sossusvlei-Lüderitz-Kolmanskop-Fish River Canyon-Kokerboomwood-Mariental-Windhoek.
· 165 € Dépense(Auto, Camping+Entreen)
Also Denstes Moies um 5h hei zu Windhoek fort, mir haaten een 4x4 geléint mat 2Dachzelter. Dat ass schon relativ cool, well do kritt een dann alles mat, 4 Campingstill, Geschiir, een Gaskocher, am Auto ass een klengen Frigo, Keschten fir Iessen dran ze maan, an sin souguer Matratzen an den Zelter. Alles wat een brauch ! ![]()
Deen 1.Highlight war definitiv den Spreets Hodge Pass, du fiers een Bierg rop an uewen op der Kopp, hues de dei Vue op deen Pass. WOW ! Et gesäit een sou wäit ass, dass een einfach just geflasht. Also ech als Stadtmensch an liebhaber war souguer beandrockt, dat well eppes heeschen.
Mir hun een Halt zu Solitaire gemaach, wou een mega gudden Äppelkuch kritt, absolut derwert.
Déi 1. Nuecht hun mer zu Sesriem an engem Camp geschlof, dat ass ganz no bei Sossusvlei. Do unkomm hun mer eis fir d’éischt den Sesriem Canyon ungekuckt. Sesriem heescht 6 Riemen, « 6Riemen benötigten die Siedler, um das Wasser in Eimern vom Grund an die Oberfläche zu ziehen. »Do sin iwwerall Aafen, Pavianen, gelaaf, ee Gleck op daer annerer Säit, well dei kennen schon geféierlech gin.
Dun sin mer weider op Sossusvlei, dat sin riiseg Dünen an wonnerschéin. Fir do hin ze kommen kann een just mat 4x4 fueren, well et duerch den Sand geet. An mir bleiwen natiirlech prompt stiechen
. Mee dat gehéiert zu sou enger Vakanz dozou. Ee Gleck waren 3 Leit stoen bliwwen, déi eis gehollef hun, Pneuen fräi ze schaufelen an dono ze drecken. Een dervun war een Amerikaner, an rod vun wou =) NEW YORK, hun ech eng nei Persoun dei mech do rem féieren kann déi next Kéier. Zu Sossusvlei sin mer dun eng riisge Düne rop geklomm, shit war dat unstrengend an dat bei gefillten 60 Grad. An et waren der o bestemmt sou dorem well ech haat dono sou mäin Reck verbrannt mat souguer Blosen
. JO Cathia ech war angecremt ! Also jaitz lo net rem. Dono sin mer na an den Dead Vlei gaangen, dat ass doudegt Land an leit an den Dünen, dir musst iech dat op den Fotoen unkucken.
Owes sin mer op Dune 45 gefuer fir den Sonnenuntergang, dat war o mega, do hun mer dun dat Farbenspiel genoss an eng Fläsch Pearl Bay gedronk
.
Dun an den Camp, séier Zelter opgeriicht, war an 5 Sekonen geschidd ass, zidd een just un der Leeder an schon steet den ganzen Butteck. Déi Dusch war souuuuuuu gudd, well et haat een iwwerall Sand, wiirklech iwwerall.
Moies sin mer um 4h30 opgestaan fir den Sunrise eis unzekucken op der Dune45, et war saufréih mee wiirklech derwert.
Vun do aus sin mer dun Richtung Lüderitz gefuer. Wat einfach sou genial ass, et fiert een do wiirklech riiseg Strecken an et ass kee Mensch ennerwee. Mir sin deelweis 5 St gefuer an et sin eis 2 Autoen entgéint komm. Dh et ass wiirklech just du an Natur, schon impressionant.
Lüderitz ass bekannt fir seng Diamanten. An et leit um Mier, mir haaten een Zeltplaatz direkt um Mier, sou cool ! Eenzegen Nodeel et war mega vill Wand, dementsprechend kaal an Zelter hun ellen gewackelt. Do hun mer eis dun nach Agathe Beach ungekuckt, eng Plage wou mer rem ganz eleng waren, dat war einfach genial, do ze setzen an dem Mier nozekucken.
Moies um 6.30h op an op Kolmanskop gefuer. Dat ass eng Geeschterstaad(Ghosttown), nodeem Diamantensich verstaatlecht gin ass, sin Leit einfach geplennert. Dat war virdrun dei reichsten Staad vun Namibia. Vu ,dass keen sech mei em dei Heiser gekemmert huet, sin dei ganz angesandt. Dh an den Heiser ass deelweise alles voll Sand. Siehe Fotos !
Vun do aus hun mer eis weider gemaach bei den Fish River Canyon. Um Wee fir dohin hun mer dann och eppes op eiser to do List ofhacken, mir haaten een Platten,juhu ! Naja bei denen Strossen ass dat o normal, ass ebben blöd.
Eis 3. Nuecht hun mer beim Fish River Canyon verbruecht. Den Fish River Canyon ass deen 2 gréissten vun der Welt nom Grand Canyon an den USA. Dat hun ech och immens beandrockend fonnt, du kanns mol net sou wäit kucken wei dene grouss ass. MEGA !!!
Owes hun mer do am « Pool » gechillt, dat war zwar eischter een Basseng mee huet deck gudd gedoen.
Moies rem 7h op, an Ruchtung Kokerboomwood gefuer, um Wee dohin hun mer BiergZebraen gesin, an dat war wiirklech Chance well dei gesäit een eigentlech baal nii, well et ganz schéi Déieren sin. Meag cool !
Am Kokerboomwood gin et Köcherbäume, déi et just an Namibia gin. Do kann een dann mam Auto derduerch fueren oder ebben laafen, mee Gebidd ass rieseg. Dat war och cool, well et sou ganz anescht war, ech kann iecht dat lo net beschreiwen, kuckt iech Fotoen un.
Eis lescht Nuecht hun mer am Mariental verbruecht, op engem Campingplaatz direkt un deem greisten Stauséi vun Namibia. Do waren mer dun ganz eleng um Camping, dei Nuechten virdrun waren och just emmer 2 od 3 anner Leit do.
Moies um 5h30 op an dun wollten mer eis Lilienblüten unkucken 150 km wäit wech. Déi bléien 1 Woch laang an et ass anscheinend wonnerschéin. Tjo mat eisem Gleck sin mer dei 150km gefuer, an dun soten se eis mir hätten et em 1 Woch verpasst, na toll. Alt rem zreck an Richtung Windhoek. Moies fréih sin ech vun der leeder gefall wei ech aus dem zelt wollt klammen, ech hun een RISEGEN Bleu um Been, dat war et dann mat Jupen fir 3 Wochen,typesch Claude. ![]()
Samsten am Nometten waren mer dun rem an eiser Bachstrasse !
Et war wiirklech een coolen Trip, et wär wahrscheinlech méi relax gewiercht wann mer 3 Deeg méi gehaat hätten. Mee bon ,vu dass hei jidderen op Suen muss oppassen, mecht een et alt sou.
Wat mecht einfach impressioneiert huet, sin dei Landschaften wous de km wäit just Natur hues, du fiers 100 km an gesäit rem komplett anescht aus. Do hues just Natur, baal keng anner Leit, nattirlech sin mir och lo hors saison gereest an awer. An well et Natur pur ass, hues de ebben och keen Kameidi.
An dann deen Stärenhimmel owes, ass mat näischt ze vergläichen, ech hun an mengem Liewen na nii souvill Stären gesin, et gesäit een ganz Mëllechstroos, wonnerschéin !
Sou ech hoffen ech konnt iech bessi een Iwwerbleck verschaafen wat ech gesin an erliewt hun, kuckt iech op alle Fall Fotoen derbäi un. Obwuel et net sou riwwer kennt wéi an Wiirklechkeet ass et dach o schéin op den Fotoen.
Et deed mer leed, dass ech sou verkreppelt letzebuergesch schreiwen, mee ech schwetzen hei just däitsch den ganzen Daag, an dat mierken ech voll, ech denken souguer schon heiandsdo op däitsch, SCHRECKLECH !!!
Jo Modi no desem Trip hun ech definitiv Naturiwwerdosis, mee et ass net sou schlemm wei erwaard
.
Mir héieren eis !
Take care !
D’Claude




