World Cup 2010

June 21, 2010

 

Hey People,

 

I'm back from South Africa, first of all some facts:

  • 64 hours of Bus, Whk-Capetown-Port Elizabeth-Capetown-Whk
  • Only 38.692 fans in the stadium, capacity 46.000
  • 2 defeats of our favourite teams :-(

 

Den 14 Juni owes mam Bus op Capetown, 20 Stonnen, do unkomm um halwer 2, eis op Sich gemaach no engem Ticketing Centre fir eis Ticketen ofzehuelen, wei ech dei dun an den Hänn haat, war ech reischt secher, dass ech och am Stadium giff setzen. War schon cool sou WM Ticketen an der Hand ze haalen.

Hannah haat eis eng Iwwernuechtungsplaatz bei der Schwester vum Besetzer vun der Lodge wou hatt schafft besuergt, dat waren Leit vun 60 Joer mee ganz léif. Mir haaten do hotel treatment à la Dicher um Bett léien an Shampoing an Seef an der Dusch stoen. Owes kruten mer nach mega lecker gekacht. Dun Moies um 6h!!!! weider an deen nächsten Bus Richtung P.E,weider 12 Stonnen. Owes do unkomm, bei den Hotel, mir hun dono just nach BafanaBafana ennerstetzt an engem Restaurant. Den 17 haaten mer dun den ganzen Daag zu P.E, P.E leit um Mier ass relativ eng kleng Staad, dei och secher ass, an afrikaneschen Termen. Mir sin do besis duerch City gelaaf, waren op der Plage an Nomettes hun mer eis um FanFest Argentinien- Südkorea ungekuckt! Dei war eigentlech mega cool, et war an engem Cricket Stadium mat riisen Leinwand an allmeiglechen Programm ronderem mee leider hun Leit an Stemmung gefeelt! Dat ass och den riisen Minus an der ganzen Zäit gewiercht, Stemmung ass einfach net sou euphoresch wei an Europa, Südafrikaner sin net sou Fussball begeeschtert, an Ticketen sin souwiesou ze deier, dass si keinten an den Stadium, zumindest fir den gros vun hinnen. Dh et huet einfach un Euphorie an Partystemmung gefeelt,wat immens schued war.

Mir haaten schon moies rausfonnt wou dei Däitsch am Hotel waren, natiirlech am deiersten vun der Staad :-), mir waren moies dohin, dun Bus stung schon do mee Equipe ass réischt owes geint 19h unkomm, dei Info haaten mer vun 2 DFB Futzien mat denen mer bessi geschnesst haat. Do hun mer och eng Südafrikanerin getraff dei total an den Ballack verléiwt war :-). Mir sin dun owes an emol bei den Hotel gaang, an der Hoffnung puer gudd Fotoen ze kreien. ARD war do an erstaunlecherweise, geschätzten 150 däitsch Fans mat Fändelen an Vuvzela'en, do war Stemmung riichteg gudd. Do ass gesong gin an gejaut gin, an huet een einfach mat den Leit geschnesst. Equipe ass dun geint halwer 8 unkomm an ass awer leider just aus dem Bus raus kuerz gewong an ran an den Hotel. Leit waren schon bessi enttäuscht, dass se net weinstens kuerz Moien soen komm sin. Ech mengen Hannah war am meeschten enttäuscht, dast ass een riisen Fussballfan an fir hatt hätt ech mer dat och einfach gewenscht. Ech muss awer o zougin,dass ech se gaer vun mei no gesin hätt. Ech wollt dach eng Foto mam Klose :-).

Dun seier rem op FanFest fir Frankreich ze kucken, wat jo wuel net den Hummer war, leif ausgedreckt, naja dofir hun mer dun ebben miisten vill drenken :-). Dono, an lo kennt et, dir wert laachen mee war schon een klengen Highlight, no 7 Méint déi 1. Kéier rem an.......den Mc Donalds,hehe! Eihhhhh an den Cheeseburger war souuuuuuu gudd!

Den 18 moies dun sech ready fir den Stadion gemaach, sprich Faarw an Gesiicht an Trikot un an lass. Mir waren géint halwer 12 am Stadium, hun eis den warm up ungekuckt an dun deen mega Match,eieieiei! Mir haaten eis wuel definitiv deen falschen mtach raus gesiicht. Et war schon cool een WM Match ze gesin, mee wie gesot, Resultat huet net gestemmt an Stemmung leider och net, et war net ausverkaaft an net genuch Vuvuzelas do :) wat mech perseinlech zwar net gestéiert huet! Dono frustéiert heem gaang, iessen an rem op FanFest wou mer dun bessi Party mat den Englänner gemaach hun,dei nom Match dun o net mei sou frou waren!

Den 19 um 6h moies rem an den Bus,zreck op Capetown, do owes na mat denen leit iessen gaang an moies rem op fir den BUs zreck op WHK. Ech kann keen Bus mei gesin, obwuel et wiirklech eng belleg Alternative ass zum Fliiger.

Fazit:

Ech hun net souvill vun Südafrika gesin, wat erstaunlech greng war, ech mengen no 7 Méint Namibia ass et mer na vill mei greng virkomm. Op Capetwon muss ech definitiv nach emol zreck, hoffen kréien dat nach hin eih ech fléien, mee sin jo just 20 Stonnen mam Bus dohin ;-).

Frankreich kann ech jo wuel ofschreiwen, lo nodeem ech alles gelies hun wat geschidd ass, hoffen emr alt dass dei Däitsch géint Ghana gewannen an weider kommen. An BafanaBafana et och na an deen nächsten Tour packt, wat einfach flott fir Leit do wär.

Hei ass den Link fir Fotoen um Facebook:

http://www.facebook.com/album.php?aid=187418&id=670821836&l=46fb1176be

Take care!

D'Claude

 

 


3 Comments

Cathia #6:
June 21, 2010
Oh, do gett een jo richteg jalous wann een d'Fotoen gesait... Hun iwwregens während dem Match nom roude Leif gekuckt, mee haat en net fonnt! ;-)
Kussiiiii
D'Claude:
June 21, 2010
Ech wees et huet keen en gesin, mee ehc haat en awer derbäi :-(
altmann josee:
July 10, 2010
Hallo fu Recken an Namibia,

Ech huelen un d'Gaby an de Max si gudd ukôm!
Hei ass et ''stenkech'' wârm; Elo um bâl 23:00 Auer sin et nach 26 Grad. Et krit én t'Hetz net mei aus den Heiser eraus. Haut de Metteg waren et 37 Grad!
schei Greiss. Josée
Fuzzy Travel · Next »
Create blog · Login