Family Trip!

July 24, 2010

 Hey People!

Wollt iech awer och nach bessi erzielen, wat ech alles mam Gaby an Max erliewt hun in wonderful Namibia! Ronn 1300 km hun mer gemaach! Endlech rem Auto fueren, hun et riichteg genoss! An Gravel ze fueren ass souwiesou tonnen Spaas!

Mir waren fir d'eischt 3 Deeg nach zu Whk, wou mer relax gudd iessen waren, am Hope bei den Kiddies waren an Fussball gekuckt hun. Sonndes ass dun lasss gaang op eisen Trip, 1.Ziel war Otjiwarongo. Um Wee fir dohin sin mer zu Okahandja stoen bliwwen, do gett et een relativ groussen Holzmaart. Mee data ss do sou unstrengend well se alleguer ronderm dech danzen an wellen, dass de an hiren "Shop" kenns, ech hun et net mei wei 20 Min. do ausgehaal. Den Virdeel ass ebben, dass de riichteg gudd handelen kanns do! Hun och een coolen Cado fir mengem Cousin seng Hochzaeit fonnt.

zu Otjiwarongo gett et lo net wiirklech vill ze kucken, ausser eng Krokodil farm, dei war awer leider schon zou. Dh do hun mer just relax zu owes giess, an bessi Savannah gedronk ;-)

Moies sin mer dun Richtung Etosha gefuer, bis op Halali. Et war jo lo dei 2. keier, dass ech do war, dass awer emmer impressionant, sou deieren vun no ze gesin. An des keier hun mer och Elefanten gesin =), mam Lynn an mam Jerry haat ech jo leider keng gesin. Ech haat zwar emol baal net seier den Reckgang ankritt wei sou een Riies Richtung Auto komm ass. An een haat pch gemnegt en miist virun eis op der Stroos gemiitlech treppelen, do bleiwt een dann mol leiwer op engem gesonden Abstand hannendrun. Dun ass och na een Auto komm aus der annerer Richtung, denen war schein Haerz stoen bliwwen. Den Elefant ass wiirklech niewt hirem Auto stoen bliwwen an huet geschnaubt. Haett ech net miisten hun! Bessi scary!

Owes um Waaserlaach hun mer och Rhinoen gesin! Dei 2. Nuecht hun mer och am Etosha am Okaukuejo verbruecht. Better waren den Hit, sou Himmelbetter, huet een sech wei eng Prinzessin gefillt :-)

Naechst Ziel Brandberg! Do hun mer am Middle of nowhere op enger Lodge geschlof, BOAH dat war sou schein, eng mega Aussicht op den Brandberg, an waeit an breed KEEN! War sou cool!

Next destination Swakopmund! Fir dohin sin mer nach iwwer Cape Cross gefuer, dat ass dei Bucht wou mega vill Robben sin, dementspriechend och den Geroch! Zu Swakop dun hun mer och an engem MEGA Guesthouse geschlof, mir haaten do standards rooms, ech wees net wei luxury rooms sollen ausgesin hun, well eist war schon mega!

Mir sin bei Dune 7 gefuer, an ech sin bis rop gekraxelt, Aussicht douewen war den Wahn.

Walvis Bay hun mer eis nach ungekuckt, an soss waren mer deck happy , dass mer do TDF konnten kucken an gudd iessen goen:)

Samstes dun zreck op WHk, Sonndes nach emol den Andy supporteiert am Andy's =). An dun ass et fir dei 2 Richtung Muenchen gaang!

hei ass den Link nach vun den Fotoen :

http://www.facebook.com/album.php?aid=194324&id=670821836&l=2e6a6ba6e5

Soss ass hei alles ok, et sin manner wei 4 Meint bis ech shcon rem heem kommen, an ech well net wiirklech hei fort! Den Basket mat den Ladies ass nach emmer cool, an Aarbecht ass den Hit och wann am Moment vill Stress ass. Ech sin am Moment Meedchen fir alles, well mer just zu 3 volunteers sin, an ech ebben am laengsten do sin. Am August geet lo eist neit Haus op, dann sollen o mei volunteers do sin, dei dann och dringend gebraucht gin!

Bachstreet ass am Moment och gudd voll, am August ass se dann ganz voll, wat dann och rem eng Zemmergenossin fir mech zur Folge wert hun, dislike!!

Hei ass am Moment jo Wanter, am Daag kann een zwar nach am Pullover ronderm laafen, soubaal Sonn awer fort ass, gett et riichteg kaal. Heiser ouni Isolatioun an Heizung, dh am haus ass et mei kaal wei dobaussen. Ech schlofen am Moment am Schlofsaack, 3 Decken an eng Boule an dass na kaal =) Mee bon am september gett et rem besser, am August soll et dann ganz wandeg gin.

Ech well onbedengt nach emol op Capetown, hoffen packen dat nach am September!

 

So das wars! Scheinen Bjuer!

Take care!

D'Claude

 


Fuzzy Travel · Next »
Create blog · Login