Time flies :-(

September 19, 2010

Hey People!

 

Ech hun laang näischt méi vun mer héieren geloss...Also een klengen Update och wann ech net souvill ze zielen hun! :-)

 

Jo Zäit geet mer aus, lo sin et manner wéi 2 Méint bis mäin Fluch gebucht ass, wéi konnt dat nëmmen sou séier em goen ?!?

Basketmeisseg, spillen mer am Moment 1/2 Final vum Championnat, best of five, steet am Moment 2-2, nächst Woch ass den decisiven Match! Mir wollten eigenltech mat engem 3-0 an Final anzeihen, huet jo gudd geklappt :-). ass bessi blöd well wollt eigentlech zwescht 1/2 Final an Final nach op Capetown goen, dat hun ech lo missten verschieben, vlt packen ech et jo irgendwei awer nach.

 

Ansonsten ass et hei am Moment rem fully booked, dh 14 Leit, wat wiirklech unstrengend ass, zumols vill Cacuetten( mengen dat schreiwt een net sou =)) derbäi sin.

 

Leschten Donneschten waren mer sou typesch afrikanesch iessen, dat war TOP, um Bueden setzen an mat Fangeren iessen, ass schon cool! An dann sou extra Saachen iessen wei Mopamo Wierm an Hingerféiss =). MEGA! Gescht waren mer dun mol rem emol op een Sundowner, wei der gesidd gett also am Moment matgeholl,wat ech mathuelen kann.

Am Hope ass alle sgudd, eist 4. Haus ass lo opgaang, dat klengt Gadisa ass endlech vun sengen holläneschen Eltern ofgeholl gin, mee si liewen lo fir eng Zäitchen an Namibia, dh si komen eis emmer besichen dat ass flott! Ansonsten sin Kanner nach emmer TOP, dat gett wuel deen härtsten Moment hei fir mech, denen all Eddi ze soen....net drun denken, nach net :)

Wierdertechnesch, stéieren mer lo zum Summer hin zou, an dat mat groussen Schrett, dh owes ass et rem voll laang waarm, nix méi mat laang Box an Pullover, an Daags iwwer hun mer sou Moyenne 32 Grad, SCHÖN! Nuets schlofen ass dofir lo em sou schwiereger lo! Mee ech meckeren net!

Das wars, kräfteg Daumen drecken nächst Woch, bis geschwenn!

 

Take care!

D'Claude


Fuzzy Travel · Next »
Create blog · Login