My last entry!

November 8, 2010

Hey People,

 

Ech wollt iech na emol eng lescht Kéier aus der Sonn schreiwen! Lo ass den Daag baal do, Mettwoch den Owend setzen ech am Fliiger Richtung kaalt Europa!

 

Dei lescht Deeg sin voll gepaackt mat Eddi soen an last minute Saachen erleedegen. Muer soen ech den Kanner am Hope Eddi, wat definitiv een vun denen schweiersten Momenter wert gin. Mir waren gescht na emol all zesummen schwammen, dat war een flotten Ofschloss!

Dat Joer hei war sou wonnerbar, ech hun souvill erliewt an haat souvill schéin Momenter!

Dank Internet konnt ech super gud dmat iech all an Kontakt bleiwen, wat immens flott war. Op desem Wee Merci fir aert Interesse an aer leif Wierder!

Ech wert Namibia an Leit hei schrecklech vermessen, mee ech war bestemmt net fir lescht hei, vlt well deen een oder deen anneren jo nächst Kéier mat mer kommen an sech vun desen Land impressionneieren lossen.

 

Bis geschwenn am kaalen Letz!

Take care!

D'Claude


1 Comment

Jean Thinnes:
November 10, 2010
Leift Claude.

Ech sinn mächtech stolz op dech!!!!!!
Ech wollt dier nach emmer schreiwen awer hat et wei emmer vill ze oft vergies.

Ech sinn frou fier dech, wann et meigelech as, den 28 Nov. ze gesinn.

Mier hunn bestemmt ganz vill ze erzielen!

Bis dohinn loss dier dein Winhoek Lager oder den normalen Pils an deng Zigaret lo um Flughafen gut schmachen.

Alles Guddes bis geschwenn


Jean
Fuzzy Travel · Next »
Create blog · Login