moien
dese weekend war ech nees op varkala.
mettwoch an enger woch (7.nov) fueren ech mam zuch op chennai, bleiwen do fir puer deeg (gin och nach op mammalapuram) an huelen dann den fliger den 12. november vun chennai op dehli. ech huelen den zuch zesummen mam julie, mee hat hellt een fliger shon den 9. sou dat ech dann di puer deeg alleng chennai an mammalapuram besichen. ech free mech schon enorm. de projet hei an der klinik war ganz intressant, mee no mei wei 2 meint as et awer emmer bessi dat selwecht an ech si pret lo fir eps neits ze gesin an z'erliewen.
nexte weekend bleiwen ech an der klinik, fir meng saachen ze paacken an bessi ze raschten iert ech meng grouss rees ufaenken, an dese weekend wollt ech bessi relaxen. dofir sin ech rem op varkala gefuer, well et do sou schein roueg war. ech hun net vill gemach, ausser liesen, schwamme goen an gudd iessen.
ech fueren des woch nach vlait eng keier op madurai, fir puer saachen ze kaafen, soss bleiwen ech nach an der klinik an probeiern nach sou vill ze gesin wei meiglech.
dat war et dann och schon fir deste keier
bis geschwenn

Merci fir deng leif Mail!!!Mir geet et tiptop,ech fänken muer un mat schaffen,freen mech voll!Sonndeg hun mer Match,mir haalen dech um laafenden.
Pass weider gudd op dech op!Kuss