ech si kraenki :(

March 4, 2008 - Cochabamba, Bolivia

hola chicos

hun seit puer deeg bauchwei, schesser, as mer schlecht asw... ech war geschter an mein centro de salud wou den haaptdokter mech ennersicht huet, hun och eng analyse vu mengem stuhlgang gema ech hun keng deiercher a mer, just bacterien, an den dokter huet mer medicamenter verschriwwen. geschter loung ech de ganzen dag am bett an hu geschloof an haut geet et mer schon vill besser, mee bleiwen nach doheem. imy, meng matbewunnerin huet och de schesser, mee him geet et besser, brauch net doheem ze bleiwen. ech wees net vun waat et kennt, warscheinlech vum iessen. sonndes war ech bei d'suzie ( meng bescht frendin ) heem. mir hun do kichelcher gebaack an dono huet meng famil mech inviteiert bei hinnen z'iessen. d'iessen bei hinnen as super, krut rem een typescht iessen vun cochabamba, pique, wat ech och schon hei krut, mee bei hinnen war et souvill mol besser.... dem suzie seng famil as och mi reich. si hun 2 autoen (mir hu keen), hat huet eng separat kleng wunneng mat eegenem buedzemmer. an eng mam an schwester (waert su em di 30 sin) hun zu koeln studeiert. de pap huet an japan stueiert si hun och ee jong, su em di 26 deen medecine studeiert. an meedchen huet eng super leif duechter vun 6 joer. mee dat  as resultat vun enger vergewaltegung.... hat wollt net oofdreiwen, wat sws illegal hei as.

meng mam di suergt sech am moment super em d'imy a mech, well mer krank sin. ech daerf just drechen kichelcher iessen, mol keen brout (hu mer es awer aus der kichen geklaut). si mecht mer andauernd zimttei mat bessi maizena (as super gudd) oder kreien coca-tei. mam imy as et bessi mi komplizeiert. hat schwaetzt bal net, scho guer net mat menger mam, well et nach emmer net su gudd am spuenech as. an si mecht sech dofir suergen. hat soll schwaetzen, oder opmannst probeiern, soss gett dat ni eps. mee hat as am allgemengen bessi komesch. oofgesin vun mengem bauchwei as et am moment dat eenzegt wat mech steiert. hat as sou ee mensch deen mat alle mettle probeiert perfekt ze sin. mecht ballet, spillt oboe an engem orchester, gudd an der schoul, bewonntert sei bruder deen zu cambridge mathe studeiert an hat selwer geet och dohin bio studeiern, dann as et ganz no bei sengem bruder, well si verstin sech super an hat vermesst en enorm. an dann mam iessen as et ganz pingeleg. 1. esst et souuuuu lues, an dann muss et all dag opmannst seng 5 uebst/gemeis portiounen iessen. leschte keier haate mer saltenas, dat sin su gefellten taeschen mat poulet oder fleesch, grompren an su enger zoos. an hat huet mer erklaert dat do 5 ierbsen dra waren, mee hat kinnt dat lo net als 1 portioun rechnen.... dee begreff ierbsenzieler huet nach ni besser bei ee mensch gepasst.... an dann huet et super angscht fir alleng een taxi ze huelen, wat wierklech kee problem as. an et faert fir owes heem ze trepplen och wa mer zu puer sin, well et huet heiern, dat schon leit iwerfall gi sin.

an wat mech am meechten nervt si seng froen, hat haellt mech bessi fir seng mam oder grouss schwester oder sou. andauernd kommen froen, wou ech keng ahnung hun, wei, wat as an deem gebei do dran ( wei soll ech dat wessen), oder wann mer kaal as, wisou as der kaal, mengste dat waer weint den bacterien an dengem bauch? an samsden waren mer mam suzie rem um maart, suzie an ech hun puer kleeder an sou kaaf (krit een aaaalles, vun lacoste, iwer puma, aalles dir een spottpreis, natielech alles echt ) an hat as just hannendru getreppelt. hat as super gneckeg. ech kaafen mer emmer meng mellech, well dei hei zimlech deier as, an meng famil drenkt keng. ech hu mer och corn flakes kaaf, fir bessi oofwiesslung vum drechnen brout ( heinsdo kreie mer guer naisch fir drop, kee botter, keis, gebees, einfach brout an cafe....) an hat benotzt meng mellech, ouni ze froen op et och mol kinnt eng kaafen. an wann ehc net do sin, esst et och vu mengen cornflakes. as jo net dat ech net well dat et se esst, mee et soll mech just froen.... ech hun em awer lo gesoot dat mer oofwiesselnd mellech kaafen.... an dann huet et su momenter wou et am bett setzt an einfach do setzt. waehrend enger halwer stonn oder sou... bessi komesch. an dann leeft et mer emmer hannendrun, wann ech dat maan, mecht hat et och, wann ech dohi gin, geet hat och dohin, null eegeninitiative, selbstsecherheet, nada....

bon, dat war lo keen su een informativen bericht, amfong just meng kloen iwer meng matbewunnerin, mee as dat wat mech am moment wieklech bessi nervt.

an meng mam mecht sech och suergen, si well dat et d'liewen geneisst, mei laache soll asw, mee wann se him dat seet, versteet et et net.... nujee

sou, dann maan ech mech rem an d'banos an hoffen dat ech de metten, rem normal daerf mat iessen

hasta luego

lisi


Pictures

jonk dokteren :)
centro de salud
 
 

3 Comments

Marion Muller:
March 4, 2008
Ohhhhhhhh, Lisi, hues du bactérien, bestemmt wéis du sees, vum Iessen.....dat ass jo typesch an denen Länner!
Bass de elo op dreschen Kichelcher,zimt-a coca-téi régime! Hoffen dat de dommen Bauchwéi elo glaich eriwer ass....

D' Imy ass nach net richteg mature ewéis du, Lisi,hat ass nach net liewenstüchteg oder selbständeg, hat mengt nach alles wier nömmen gudd léiren.....hat weess nach net, wellech Werter wichteg sin am Liewen. So him wat hat soll maan a wat net,du hues him jo schons erklärt déi sach mat der Mellech an dengen Iesswueren, du muss hat op alles hiweisen ewéi e klengt onerfuerent, ofhängegt Meedchen.

E Gleck dass de d'Suzie hues, dat schons vill méi verstanen huet an initiativen ergreift.Eng Freed fir dech mat esou engem
Verstännegen eppes z'ennerhuelen.

Deng Mam ass eng SUPER Fra, och wann d'Imy naischt vun hirer Weisheet matkritt.

Trotz Imy an Bauchwéi,Lisi, genéiss alles an Bolivien, du bass jo op fir alles....an bass entouréiert vun ganz wertvollen Menschen!

Hoffen och dass de rem glaich normal kanns mat iessen!!!

Alles Guddes an Schéines op Cochabamba fir deng sympathesch Famill an all deng léiw Frönn!

hasta luegos !!!!!

mama
simone:
March 5, 2008
hey lisi!
wenschen der eng ganz gudd besserung!bolivien klengt meeegaaa cool!kreien richteg fernweh wann ech dat liesen...ech schaffen am moment beim staat, also de contraire vun enger flotter rees...wenschen der nach vill spaass an denk drun, dat mer och enker jonk un onerfueren wei d'imy waren!=)
dk
simone
vroni:
March 10, 2008
Hola Chica,
Estomaco duele mucho ? Povresita ! Dass elo scho ferdeg mat mengem Spuenesch....
Lisi pass gut auf Dich auf- mit Deinem Bauchweh.Denke oft an Dich....und wie ist der Vergleich Indien-Bolivien ? Wahrscheinlich nicht wirklich zu vergleichen. Aber mit den Sudamerikanern kann man sich doch besser verständigen, glaub ich jedenfalls...Mir mach mein Kurs auch einen Riesenspass, obwohls jetzt schwer wird mit all den gebeugten Verben und so....Alice ist jetzt auch bald fort: 14.März.Ich bin gespannt wie sie sich durchschlägt.
Alles Liebe
Salud y besos
Vroni

Leave a comment

* Name:
* Email: (won't be displayed)
Website:
* Comment:
Fuzzy Travel · Next »
Create blog · Login