moien,
ech si rem gesond, as rem alles an der rei mam bauchwei etc. de weekend hun ech naischt groussarteges gema. ech war bessi an der staat an sonndes hat d'chichi, di frendin vu menger mam di um land an deem meega haus wunnt gebuertsdag. mir waren dun all dohin an hun chinesech gekacht. chichi as bessi alleng, an dofir as si entweder bei ais oder mir sin all sonnden bei hier. hieren exmann war och do, di 2 hun waehrend enger zait an amerika geliewt an heen huet su een richtege amerikaneschen accent an as frou rem englesch ze schwaetzen. hee gefaellt mer awer net souu gudd, huet lauter tatooen op sengem aarem an sou.... passt guer net bei chichi wat su eng ganz elegant an chic fra as... mee bon, och egal
meinden an denschden war ech rem op der aarbescht, alles normal. mee as lo een neien volontaire do, peter aus england, bessi e komeschen. meinden hat ehc och meng lescht spuenech klass. hun een bolivianesche film gekuckt, hun awer naischt verstaan vum film. ech krut bicher vu menger proff an waert lo mat deenen nach bessi weiderleiern.
geschter an haut war ech mat mengen 2 jonken doktoren an 2 laborantinnen (och super leif) di och a mengem center schaffen an eng schoul fir chagas tester ze maan. chagas as een parasit deen am blut liewt. as een deierchen, eng wanze, dat pickt dech an dann kennt de kaka an d'blut. speiderhin vergreissert sech dein haerz an et kann een wann een et net behandelt dann och dru stierwen. mir gin dann an eng schoul, rufen kanner zesummen an maachen dann bluttester. mir picken se an de fanger an dann hu mer su plaquetten, bessi wi een schwangerschaftstest, maachen bessi blut drop an wann 1 strich kennt as et negativ, 2 stricher positiv op chagas. dat ganzt as super ustrengend, well mer di plaquetten net daerfen verwiesselen an verschidde kanner feiern eng schrecklech op. di kraischen, blaeren, an wellen op kee fall gepickt gin. vun ongefeier 200 getesten kanner waren 6 positiv. bei deenen huele mer dann blut oof an ennersichen d'blut ennerm microskop. dei kreien dann een traitement vun ongefeier 2 meint wou se all dach mussen eng pell huelen. an dann sin se rem ganz gesond.
de moien hun ehc also frei an kann a mengem spuenechen buch weider liesen
alles gudds nach
ciao
lisi



Frou ze héieren datt et dir nees gutt geet. Du hues bestimmt vill indesche Reis giess.
Ech wees net ob's du an denger beruflecher Zukunft dacks mat Chagas ze din kriss.
Hei ass alles beim alen, vill Reen a gro. De mëtten fuere mir bei dei Neveu an deng Nies a gréissen se vun dir.
Maach et gutt a pass op dech op.éi ass et mam Gewiicht??
Bis geschwënn
Papa
W