donneschdes owes ware mer zesummen mat der ganzer famil an d'staat d'kierche kucken. et as eng traditioun hei fir donneschdes vrun ouschtren en tour vun de kierchen ze maan. et sin zimlech vill kierchen hei zu cochabamba an et sin dann lauter leit an der staat. iwerall sin staenn wou een kann empanadas fritas (friteiert taeschen mat keis dran....) an api (waarmen deckflessegen maisjus), schocklaseer, seissegkeeten asw kaafen. an an den kierchen sin tonnen leit. mir hun den tour vun 7 kierche gema an sin dono nees heem.
de nexten moien sin mer frei opgestaan, well mer zu 6 volontairen an een nationalparc gefuer sin. mir sin iwer eng reesagence gefuer, well dat vill mi einfach as, weinst dem transport etc. mat engem minibus an privatchauffeur/guide si mer 4 stonnen iwer net asphalteiert holpriholpri weeer bis op toro toro gefuer. de wee dohin war wonnerschein, och wann d'streck ustrengend, bierg rop a roof an schrecklech waarem war. toro toro as een klengt leif duerf am parc. de parc leit an engem dall, ronderem lauter bierger. ais auberge wou mer geschloof hun (et waren der just 2 am duerf) huet enger super leifer famil geheiert. d'mam huet gekacht an d'grousseltren hun den desch gedeckt an de service gema. d'iessen war emmer super gudd an mir kruten andauernd noserveiert. si haaten enplus een gaart mat lauuuter blumen an gemeis an henger an kaazen an henn an papageien. mir haten och een localen guide, den pablo (pap vun 8 kanner), deen ais duerch den parc guideiert huet. et as verbueden alleng derduerch ze goen. deen eischten dag ware mer direkt an een klengen canyon gaangen. mir sin laanscht de floss gaangen bis bei zeechnungen dei op ee fiels gemoolt waren, dei nach vrun den inca do gemoolt gi sin. dono ware mer nach weider bis bei een waaserfall an puer kleng hoehlen. war alles ganz schein, mee ustrengend well mer hu missen iwer steng sprangen, klootren, duerch de floss trepplen an andauernd rop a rof de canyon. de pablo huet just spuenech geschwaat sou dat suzie an ech emmer konnten iwersaetzen well di aaner (4 englaenner) keen spuenech konnten....
nom treppeltour ware mer nach dinosaurierspuren kucken. de ganze parc as voll vun deene spueren. vrun 65 millioune joer wu dinosaurierer dogeliewt hun,sin der duerch entweder bulli oder lava getreppelt an dat as haard gin an lo duerch mouvementer vun den platten sin se rem rop op surface komm. as impressionant dat ze gesin, besonneg di verschidden spueren, vun den verschiddenen deiern, carnivoren, herbivoren, 2-fuesser, 4-fuesser asw. dono ware mer zreck an d'hostal an hun gudd giess.
den nexten dag ware mer an eng caverne. vum wee fir dohin hu mer nach weider spueren gesin. an fossil muschelen asw. mir waren bis 400 meter an d'hoehl ragaang, di bis zu 164 meter deif roofgeet. bannendran war et stackdeischter an alles voller stalagtiten a -miten. an de wee war oft zimlehc gefeierlech. mir hun ais roofgeseelt an hun momenter ais missen op de buedem an de bulli leen fir duerchzekommen. mir waren och duerch mega enk tunnelen, an wann ee bessi deck as, kennt een do net duerch an daerf een net an d'caverne. et war naischt fir claustrophoben an leit mat vertige, well mer plazeweis iwer steng hu misse sprangen wou et drenner riischt rrof gaang as. 2 vun aisem grupp war et och nemi egal. hinnen as et schlecht gin an wollten nemmen nach raus. ganz ennen war een ennerierdegen lac mat blanne fesch. dat ganzt huet gudd 3 stonnen gedauert bis mer rem raus komm sin. an et huet een oft missen mat seeler sech ropzeien oder richteg klootren, heinsdo hat ech bessi angscht, well een seier konnt ausrutschen an deif rooffaalen an ech secher war, dat een do net su seier hellef ka kreien. wei mer rauskomm sin, hun ehc een dokter aus mengem centro de salud begeint. dee war complett faerdeg an mir all waren voller bulli an sand. no engem picnic ware mer weider an een haus wou een mann seit 20 joer steng an fossilien an allmeiglech aaner dinosaurier saachen sammelt an an sengem hausausstellt. mir all waren zimlehc daetsch vum treppeltour vum dag firdrun an vum klootren an der hoehl.
sonndes ware mer moies frei lass gaangen. mir waren bis bei een groussen canyon getreppelt, ennerwee condoren gesin, an mir sin bis ganz roof bei den floss gaang. do si mer iwer fielsen an steng gesprong a geklottert bis mer bei een waaserfall komm sin. di aaner sin drenner gaang, mee mir war et ze kaal... de wee fir rop war zimlech ustrengend, waren laaauuuuter trappen. mir sin fir mettegiessen rem ukomm an sin dono rem zreck op cochabamba gefuer. de parc as super schein vun der natur hier, an et as nach alles ganz natierlech. et as naischt drun geaennert gin an an der caverne muss een sech un stalagtiten unhaalen an ropzeien, normalerweis daerf een dei net upaacken, hei muss een sech dropstellen fir weiderzekommen. an och soss sin null secherheetsmoosnahmen do. et sprengt een vun engem steen op deen aanren fir iwer de floss ze kommen, wann een rooffaellt, haat een ebe pesch. dat mecht dat ganzt natielech mi spannend, mee heinsdo haet ech naischt geint eng hellef gehaat.... am grousse ganzen huet et mer awer ganz gudd gefall.
meindes sin ech rem op meng arbescht wou am moment enorm vill lass as. ech sin vrun menger zeit do an gin mei speit rem heem, fir mengem dokter ze hellefen. et kommen nach emmer haaptsaechlech schwanger fraen an beben. geschter wollte mer een ultraschall maan, mee battrien vum apparat waren eidel an dun konnte mer naischt maan, fra (9.mount) huet du missen rem heem....
haut hun ech een oofstrech bei enger fra gema. d'doktesch huet nogekuckt an huet mer amufank bessi gehollef, mee de rescht hun ech alles alleng gema.. war coool
soss as nach emmer alles beim aalen, mee well inflatioun nach emmer dpreisser vun den iesswueren em 100 prozent erheicht, kreie mer nemi su vill ziessen. mir kreien keen yoghurt mei, manner fleesch asw... soss emmer konnt een 5 breidercher fir 1 boliviano kaafen, lo kascht 1 breiddchen 50 cent. ais fammil as net su reich an leid vill drenner....
sou dat war et vum weekend, setzen fotoen vum parc drop, bis dann





wow, du bas jo deen neien indiana jones!klengt genial, deen park!!bewonneren dech, datsde der an der höhl net vun angscht an dbocks gemeet hues, sou waer et mir bestemmt gaang!=)
an di schein foto vum klengen hond aus der auberge as lo main bildschirm hannergrond, merci!!
allez, loossen dech lo, pass op dech op wannsde duerch bolivien klooters!
gdk
simone