meng lescht woch zu cochabamba

April 11, 2008 - Cochabamba, Bolivia

lescht woch war bessi schissi well ech iwerfall gin sin. 50 meter vrun aisem haus as een typ vun hannen komm an huet mer meng posch mat engem messer oofgeschnidden.... dono as en fortgelaaf, sin bessi hannendrun, mee sein koleeg huet mat engem moto op daer aanrer stroosesait op en gewaard.... tjo, dun war meng posch fort, mat portemonnaie (30 euro an 2 creditkaarten,mee de jang brengt meng nei visa mat wann en heihi kennt), handy, schlessel.hun meng 2kaarten direkt gespaart. tjo, as domm gaang,mee hat nach chance, well en ee messer derbei haat. en plus war et mol net speit,halwer 8 oder sou... an war net alleng, imy war bei mer. mee hun de schock mettlerweil iwerstaan :)

op der arbescht as nach alles tselwecht, schaffen mam lucy zesummen, enger jonker doktesch, super fein. haut war mein leschten dag, war traureg, hun all den dokteren aeddi gesoot... as e komescht gefill well ech lo gewinnt sin do ze schaffen an waert dei lo ni mei remgesin an waert nimei an mein centro de salud goen....

am  moment prepareiern ech mech op meng rees, leschte weekend wollte mer am fong an amazonasregioun, mee well et zevill gereent huet, war stroos net befuerbar an mir konnten net dohin. waren an een klengen nationalparc,20 min vun cochabamba, haat een eng wonnerbar vue iwer di ganz staat. sonnden ware mer bei een klengen lac,an hun fesch giess :) fir deischte keier hei an bolivien :)

meng mam as traureg dat ech gin an huet mer selweroureng geschenkt, hun lo richtegt schlecht gewessen, mee inviteiern muer di ganz famill an een chicen restaurant....

dat war et dann fir meng lescht woch zu cbba, en mettwoch geet et lass, de jang kennt en sonnden hun an mettwoch fuere mer dann op la paz.... youpiiiee :)

bis dann

lisi


4 Comments

vroni:
April 12, 2008
Hallo Lisi,
Na gut,dass der Überfall trotzdem gut ausgegangen ist...Vielleicht kommst Du ja doch noch einmal zurück ins Krankenhaus. Die Ärzte werden ja noch ein bisschen da bleiben..
Alles Gute für Deine weitere Reise. Gute luft für La Paz wünsch ich Dir. Freu mich schon, wenn Du erzählst
Liebe Grüsse
Vroni
April 12, 2008
Salut! Ech liesen dain Blog schon bessen méi laang an fannen et emmer erem interessant, deng Erfahrungen ze verfollgen, och wann se net emmer flott sin. :-/
Majo an ech hellefen bei engem "alternativen" Magazin zu Letztebuerg, den sech Queesch nennt, an ech wollt froen, obs du keng Loscht häss, en klengen Artikel iwert den Erfahrungen ze schreiwen . D'Saach ass nämlech déi, daat eis nächst Ausgab iwert Thema Südamerika goen soll, an do wier et natirlech flott, esou en Augenzeugenbericht ze hun.
Daat muss naischt furchtbaar laanges sin, mee ech geif et einfach immens interessant fannen!

Ob alle Fall nach bonne Chance an ech hoffen et ged geschwen erem eppes ze liesen héi! :)
Marc SCHMIT:
April 13, 2008
Moie Lisi,

Alles kritt een Enn, nëmmen d'Wuerscht huet der 2. Du solls awer net traureg sin, du bass nach jong a vlaïcht gees du nees eng Kéier zréck an dein centro de salud. Firwat net, wann's du mat dengem Studium faerdeg bass, e puer Méint op Cochabamba schaffe goen?

E wënschen dir am Jang eng gutt Rees, mir freën eis wann dir nees zréck op Luxusbuerg kommt.

Bis geschwënn

Papa
D'Claude #2:
April 21, 2008
Hey Klengt,
irgenwei war deng Verbindung bemol fort,net schlemm. Ech wenschen der na eng schéin Zäit,pass gudd op dech op mee lo hues de jo den Jang bei der :) Ech freen mech op dech!
DK

Leave a comment

* Name:
* Email: (won't be displayed)
Website:
* Comment:
Fuzzy Travel · Next »
Create blog · Login