bolivia an peru

April 24, 2008 - Cusco, Peru

moien,

de jang as gudd ukomm an mir reesen duerch bolivien an peru. mir waren op la paz, waat eng mega cool staat as, tescht 3600 an 4000 meter, an engem lach tescht lauter schneibierger. an et as alles am bierg ,egal wou ee geet, et muss een emmer rrop an roof an et kennt een seier ausser otem. hei sin och vill mei touristen. dono si mer op den titicacasei an eng kleng staat, copacabana. do si praktesch mei touristen wei bolivianer. mir hun een dagesausflug op eng insel, isla del sol gema, an sin do vun daer enger seit op di aaner getreppelt. et war wieklech wonnerschein, sou idyllesch. bloe sei, bierger, frendlech leit, schoof an kei laafen ronderem, weilt mer am leifsten een haischen do kaafen, geseit bessi aus wi um mettelmier, mee ouni autoen an nach mei natielech. huet mer super gefall. an lo si mer am peru, zu cuzco. as vill mei grouss an modern, restauranten sin wei bei ais an net wei an bolivien su eps zesummengebasteltes. aisen hotel as super schein, mee alles och mi deier. muer fuere mer op den machu picchu, mir sin am gaang rauszefannen wei een am bellegsten dohi kennt, mee et kascht opmannst 120 dollar, fir den zuch an entree.... si notzen touristen hei bessi aus.... mee et as super touristesh hei. alles voll mat touristen gschaefter (mat typeschen kleeder an decken aus dem peru....), touragencen, restauranten an hotelen asw.... an sou fraen an hieren typeschen kleeder mat lamaen di dann wellen das de eng foto vun hinnen hells... an ech sin hei di ganzen zait am gaang mat lama iessen, dat as mega gudd fleesch ( enplus deck gesond, vill proteinen, keen fett ;))

landschaften hei sin einfa mega schein, iwerall bierger, schneibierger an dann kleng dierfer mat villen bauren, iwerall lamaen, kei, ieselen asw.... wieklech super schein....

sou, dat war et vu mier, bis geschwenn

lisi 


Fuzzy Travel · Next »
Create blog · Login