Interrail - Mr.Wollofo & Mr.Yannickus in Spain

August 31, 2008 - Oviedo, Spain

Et ass esou wéit, Lo geet et lass,

Mier begéinen den éischten Spuenier, an froen „Como estás?“

Den Wollef an ech sin ennerwee op en spannenden Rallye

No 10 waarmen Deeg an der Provence zu St. Zachary.

Mat engem groussen „Jiiiihaaa“,

fueren mier fier d’éischt op Valancia.

Do staunen mier net schlecht,

an denken ons: et ass net gerecht;

déi hun do Gebaier vun modernster Architektur,

esou eppes huet zu Letzebuerg naischt verluer.

Mier koumen also direkt op den Interrail Geschmaach,

Eraus goen kann een zu Valancia och wonnerbar!

Main 19tenGebuertsdaag hun mer vum 22ten op den 23ten gefeiert,

konsuméiert hunmer „à modération“, d huet keen geréihert.

Trotzdem hun merons prächteg amüséiert,

an schons no 3Deeg vill nei Leit kennengeléiert

Déi eng déi koumenaus Daitschland, Australien an Kanada,

déi aaner ausHolland, Neuseeland an Kalifornia.

Och e puerReendrepsen hun ons d’Laun net verdierft,

Mir haatensouguer d’Chance an hun d’Formel1 materlieft.

An zwouverschiddenen Jugendherbergen hun mier iwwernuecht,

eréischt Sonndeshun mer ons faul op d’Plage geluecht.

Déi puer Deegwooren vill ze séier vergaangen,

well denselwechten Owend ass et mam Zug weidergaangen.

Keng Minutt hunmer ons aus den Aan verluer,

vun Valencia Nordsin mier op Oviedo gefuer;

kuerz: matVollgaas

an Asturias!!

Déi éischt Deegwooren mer gudd erféiert,

mier hun Spuenienvun enger aanerer Séit kennengeléiert.

D’Leit mat hieremAccent hun eppes zesummengelallt,

op eemol woorenmier op ons selwer gestallt.

Mee mier zweewooren emmer bei der Saach,

an hun ons den Tripduerch d’Bierger esou schéin ewéi méiglech gemaach:

zesummen hun mermat der Mundharmonika gespillt,

oder Ravioliiwwert dem Gaaskocher gegrillt.

Natierlech ass etnet dobai bliwwen,

mier hun och villgepootert an geschriwwen.

Während deenenpuer Deeg hun mer ons gudd verpfleegt,

an schlussendlechoch ons Zieler ereescht:

z.B.iwwernuechten op engem héigen Bierg,

woor eppesaanescht ewéi bei den Kollegen zu Miersch.

Esou ass etgaangen,

vun engerschainer Plaatz op die aaner.

Daagsiwwer emmerrem deck ungestrengt,

an ons esou déischain Momenter verdengt:

op der Plagegemittlech leien,

mat Steng vunengem Fiels geheien,

zesummen e puerLidder sangen,

oder duerch héigWellen sprangen…

Vill ze séierwooren déi Deeg eriwwer,

zum gleck sin d’Erennerungenbliwwen.

An daat sin dernawell vill,

mier wooren jooch iwwert 2 Wochen um Dill.

Op Kéi déi an derNuecht bimmelen koumen,

oder Beckzeckendéi ewéi verreckt an onsem Zelt loungen..,

eng Zaitchen esouliewen,

kéint munch engemd´Laun verdiewen:

ouni fléissendWaasser, Stroum oder Toilett,

ouni Fernseh,Musek oder Internet,

haaten mier amUnfank wéineg Ahnung,

dono awer emsouméi nei Erfaahrung.

Och wann miermunchmol hun gelidden,

sin mier zwee méiewéi zefridden!

Lo geet et heem,

zreck opLetzbuerg an den Reen,

do gett et nachvill ze din (->preparaciones Peru)

virunallem freeenmer ons d’Famill an d’Kollegen eremzegesin.

 


Pictures

^^
IMG_0656.JPG
IMG_0651.JPG
IMG_0643.JPG
 
 

Leave a comment

* Name:
* Email: (won't be displayed)
Website:
* Comment:
Fuzzy Travel · Next »
Create blog · Login